Léif Frënn vun der Eecher Musek,
Léif Musikantinnen, Musikanten, Comitésmemberen a Memberen vum Organisatiounscomité fir de Centenaire,
Konform mat den aktuelle sanitäre Bestëmmungen betreffend d’Covid-19 Pandémie wollte mer Iech matdeelen dass d’Eecher Musek en Deel vun hiren Aktivitéiten ewéi Prouwen erëm opgeholl huet. D’Prouwen sinn all Mëttwoch vun 20.00 – 21.30 Auer.
Concerten, Cortèger an Hämmelsmärsch ginn no den aktuelle Bestëmmungen organiséiert.
Well mer an alle Regësteren Musikantinnen a Musikante brauchen, a wann Dir gewëllt sidd fir bei eis matzespillen, oder fir all weider Informatiounen kënnt der Iech gären un de Francis Neyer, “admin@eecher-musek.lu” wenden.
Frëndlech a musikalesch Gréiss,
bleift gesond a villäicht bis geschwënn,
Francis Neyer
Secrétaire





